BGL LIGUE: NIDDERKUER - JEUNESSE ESCH ( 2 - 1 )
2nd August 2026
M Valentin Wagner
Fotograféiert vum Val
Mat Nidderkuer an der Escher Jeunesse sinn zwou Ekippen openeegetraff, déi an der Saison 2026/27 méi héich Ziler uviséiere wéi an der viregter Spillzäit. Nidderkuer war net iwwer déi 11. Plaz mat 3 Punkten Avance op d'Barragëplaz erauskomm an d'Ekipp vun der Grenz wëll sécherlech méi wéi déi 35 Goler aus der leschter Saison schéissen. Um Enn hat de Progrès mat 2:1 d'Nues vir.
