Wanderung STARFIGHTER BIELES - ZOLWER

FOTO Foto vun Val Wagner



15 January 2018

De Wanderveräin Starfighter Bieles-Zolwer huet haut erëm säin alljähreche Marsch an der Gemeng Suessem organiséiert. Ugebuede goufen zwou Strecken iwwer 7 an 12 km déi laanscht Gemeng, iwwert d’Waassertrap op direktem Wee op de Beval gefouert hunn. D’Wanderung goung laanscht de Campus vun der Universitéit mat senger Bibliothéik, fir duerno d’Spuere vum Räichtum vum Land z‘entdecken. D‘Héichiewen, d‘Massenoire an de Schlakenhumpen zeie nach aus der Zäit wou d‘Stolindustrie eisem Land dee néidechen Opschwong bruecht huet. Weider goung et bei de Lycée Belval wou d‘Marcheuren op der 1. Kontroll mat Téi a Bouillon gestärkt goufen. Duerno goung de Wee weider duerch de Park Belval, iwwert d‘Eisebunnsbréck, laanscht d’franzéisch Grenz  an de Fräizäitpak Gaalgebierg. Och do gesäit ee nach d‘Seelebunn déi d‘Buggye mam Eisenerz op d‘Déifferdenger Schmelz transportéiert huet. No enger zweeter Stäerkung, goung et op der 12 km Streck um Wee fir zeréck laanscht déi al Schmëtt vun der Minière, wou d‘Grondmauere nach stinn. 
1285 Wanderer waren haut bei schéinem Wierder um Start fir un eiser internationaler Wanderung vun der FLMP deelzehuelen. Fir Iessen a Gedrénks war am Festsall vum K.U.S.S gesuegt.

Fir de Comité vum Starfighter Bieles-Zolwer
FOTOEN:
http://www.rtl.lu/fotoen/29351/photo/#p1