UEFA FUTSAL CUP Déifferdeng spillt 3:3 gläich gint Vytis

FCD03 Foto vun Val Wagner



25 August 2017

Déifferdeng spillt 3:3 gläich géint Vytis

En Donneschdeg den Owen huet sech an der zweeter Partie vum Grupp B Liburn mat 7:2 géint Titograd behaapt.

No der Defaite am éischte Match géint Titograd, konnt sech Déifferdeng an der zweeter Partie ee Punkt géint Vytis aus Litauen sécheren.



An der 10. Minutt war Vytis mat 1:0 a Féierung gaangen. Eng Minutt drop konnt Déifferdeng duerch e Goal vum Antonio Abreu ausgläichen.



Duerch Goaler an der 15. an 39. Minutt vu Vytis ass de Lëtzebuerger Champion mat 1:3 a Réckstand geroden. Déi Déifferdenger hunn awer net opginn a bis zum Schluss gekämpft. An der 40. a leschter Spillminutt sinn hinnen nach 2 Goaler duerch den Riccardo Barros an den Dany Vieira gelongen. D'Partie geet domadder mat engem 3:3 op en Enn.



An der anerer Partie vum Donneschdegowend konnt Liburn aus dem Kosovo och déi zweete Partie gewannen. Dës Kéier gouf et eng 7:2 Victoire géint de montenegrinesche Champion Titograd.



An der Tabell steet Liburn mat 6 Punkten op der éischter Plaz. Titograd huet 3 Punkten an Déifferdeng a Vytis hu jeeweils 1 Punkt. Nëmmen den Tabellenéischte qualifizéiert sech fir den nächste Qualifikatiounstour. Déifferdeng ass domadder eliminiert.



Déi lescht Matcher ginn e Samschdeg gespillt. Um 18 Auer ass et d'Partie Vytis geeint Titograd an um 20.30 Auer spillt Liburn géint Déifferdeng.



FOTOEN :

https://flic.kr/s/aHsm76EAhD