SERMELUX OPEN 2016
Salut
Gëschter op de Pressekonferenz, gouf de Programm vum Tournoi presentéiert.
vum 10 - 17 September gëtt nees internationalen Tennis zu Péiteng Gespillt
den ITF SERMELUX OPEN 2016
10.000 Dollar Women’s Circuit.
Mat 8 Lëtzebuerger Meedercher um Depart
Gespillt gëtt an der Hal QT zu Péiteng
hei e puer detailer.
Am Hapttableau sinn fir den Moment 18 Spillerinnen, 2 steigen nach aus der Quali erop (dat sinn 2 special exempt, so heeschen déi wild cards, déi fir Spillerinnen geduercht sinn déi sonndes nach an egem aneeren tournoi spillen , Z.B. eng Final, an nët können virum méindeg do sinnan déi sech dann per telefon un melden ) Dann steigen nach 8 spillerinnen aus den qualien erop an den organisator verfuegz nach iwer 4 wild cards.
3 vun deenen wild cards hun mer vergin: un Eleonora MOLINARO - un Tiffany CORNELIUS - an un Laura CORREIA, 3 Lëtzebuergere Meedercher déi allen 3 FED CUP Spillerinen sin oder waren Déi 4 wild card ass nach am suspens.
An Qualien , dat ass en tableau wou sech 48 Spillerinnen können un melden , sinn fir den Moment 30 Spillerinnen ageschriwen, dorënneer sin 5 Lëtzebuerger Meedercher an zwar: Jo WEISEN - Tatjana SILBEREISEN- Sharon PESCH - Gina VEYDER an Claudia KIEFFER.
Den Organisator verfuegt iwer 6 wild cards , 2 sinn der verginn 1 un eng franzéisch Spillerin an eng un eng holländesch Spillerin, soss lien keng demanden vir.
Wéi gesot 8 vun deenen Spillerinnen qualifizéieren sech fir den Haapttableau.
MBG Val Wagner
FOTOEN vum TOURNOI hei op dem Link
https://flic.kr/s/aHskGeKqQH