RACING - FCD03 1 - 0

Foto vun Val Wagner



09 May 2018

Vum Depart ewech war et de Racing déi d'Gäscht dominéiert hunn a konnte sech och direkt e puer Golchancen erausspillen. Wéi an der 14. Minutt wéi den Da Mota op de Gol gezunn ass, mä de Weber konnt säi Schoss paréieren. Dono huet Déifferdeng probéiert de Rhythmus aus dem Spill ze huelen, mä et war awer weiderhin d'Heemekipp, déi dominant bliwwen ass, an déi Déifferdenger waren an der Defense net gutt organiséiert. Bis zum Schluss vun der éischter Halschent ass awer ausser enger Chance duerch den Da Mota an der 37. Minutt net méi vill geschitt an et ass mam 0:0 an d'Paus gaangen.

No der Paus war de Match dunn awer méi animéiert, ma et ware weiderhin déi Stater, déi sech déi besser Golchancen erausgespillt hunn. No 73 Minutte war et du sou wäit an den Hennetier konnt de Racing verdéngt mat 1:0 a Féierung bréngen. De Racinger Spiller konnt de Weber mat engem Wäitschoss iwwerwannen. Vun deenen Déifferdenger ass awer weiderhin net vill komm a si konnten och näischt méi zouleeën an de Racing gewënnt mat 1:0.