Lëtzebuerg verléiert mat 0:1 géint Schweden
Um Enn ass et eng verdéngte Victoire fir Schweden.
An der éischter Hallschent hunn déi ronn 5000 Spectateuren am Stade Josy Barthel virun allem Goalchance vu de Schwede gesinn. Ëmmer nees sinn déi Giel/Blo geféierlech an de Strofraum vun de Lëtzebuerger gezunn. Do haten déi Rout Léiwe Problemer de Ball ze degagéieren an et war de Goalkeeper Moris dee mat e puer Paraden den 0-0 bis an d'Paus gehalen huet.
Déi beschte Chance haten d'Lëtzebuerger an der 12. Minutt. De Joachim hat Plaz an huet et aus der Distanz probéiert. De Ball ass awer knapp iwwert de Goal gaangen.
Och no der Paus huet ee gesinn, datt Schweden déi 3 Punkten onbedéngt wollte mat heem huelen. Et huet awer bis 58. Minutt gedauert ier si mat 1:0 konnten a Féierung goen. No engem Korner huet de Berg de Ball an d'Mëtt vum Strofraum geluecht an de Lustig konnt de Ball am Goal ënnerbréngen.
FOTOEN VUM MÄTSCH
Hei um Link
http://www.rtl.lu/fotoen/26602/overview/