Lëtzebuerg spillt géint Bulgarien 1:1 gläich

Thill Foto vun Val Wagner



10 October 2017

Lëtzebuerg spillt géint Bulgarien 1:1 gläich

Lëtzebuerg schléisst WM-Qualifikatioun mat 6 Punkten of. Am Gruppe A vun de Roude Léiwen ass Frankräich fir d'WM qualifizéiert. Holland ass eraus.







No der 0:8-Defaite géint Schweden e Samschdeg hat d'Lëtzebuerger Nationalequipe am leschte WM-Qualifikatiounsmatch géint Bulgarien eppes gutt ze maachen. D'Lëtzebuerger hunn dann och eng Reaktioun gewisen. D'Spiller si mat enger ganz anerer Kierpersprooch opgetrueden, si méi gelaf a stoungen däitlech méi kompakt. An der 3. Minutt huet den Olivier Thill den 1:0 geschoss. An der 68. Minutt huet den Chochev fir den 1:1 gesuergt. D'Lëtzebuerger hunn an der zweeter Hallschent deelweis gewackelt, ma um Enn ass et e verdéngten 1:1 Remis. Domadder hunn d'Lëtzebuerger 6 Punkten an dëser Campagne gesammelt.



FOTOEN vom Matsch:

https://flic.kr/s/aHsm6K9J8N