La Nuit du Football ( FLF )
La Nuit du Football 2016
Bei den Häre konnt sech den Dave Turpel vum F91 Diddeleng viru senge Matspiller Momar N'Diaye an dem Joël Pedro duerchsetzen.
Bei den Dammen heescht déi bescht Spillerin vun der Saison 2015/2016 Andreia Machado. D'Spillerin vum Progrès Nidderkuer konnt sech virum Karen Marin (SC Bettembourg) an dem Hayette Ghodbane (FC Jeunesse Junglinster) behaapten.
De schéinste Goal während der leschter Saison huet den Déifferdenger Omar Er Rarfik geschoss. Mam Julien Jahier koum de beschte Buteur aus der BGL Ligue vum Racing.
Nieft de beschte Footballspiller gouf ënnert anerem och nach d'Fola aus der national Divisioun mat der d'Trophée Fair Play ausgezeechent.
FOTOEN Hei um LINK
http://www.rtl.lu/sport/www.rtl.lu/fotoen/26560/overview/