Jeunesse Esch - Déifferdeng 03 3:1

Val Wagner



13 August 2017

Jeunesse Esch - Déifferdeng 03 3:1



Nodeems d'Mandy Minella am Kader vum 110. Gebuertsdag vun der Escher Jeunesse den Ustouss gemaach huet, si béid Equippen engagéiert an de Match gestart. Sou wuel d'Jeunesse ewéi och d'Gäscht vun Déifferdeng haten hier Chancen, ma Déifferdeng war awer déi méi geféierlech Equipe. Dëst hu si och an der 17. Minutt ënner Beweis gestallt ewéi de Gilles Bettmer mat engem flotte Schoss den 1:0 markéiere konnt.



Nom Goal vun Déifferdeng huet d'Jeunesse dunn awer eng kloer Reaktioun gewisen an huet opgedréint. Si haten elo och gutt Chancen, et sollt awer bis zur Halbzeit beim 1:0 bleiwen.



An der 50. Minutt war et dunn esou wäit. Den Adrien Portier huet den Ausgläich markéiert. Hie konnt sech virum Weber presentéieren an huet dem mat engem feste Schoss keng Chance gelooss.



Déi 1831 Spectateuren hunn eng animéiert Partie gesinn. An der 77. Minutt war et de Steinbach, deen d'Jeunesse esou guer a Féierung bruecht huet. Net méi ewéi 5 Minutte méi spéit war et ee flott Zesummespill tëscht dem Stumpf an dem Adler, esou dass den Adler mam 3:1 d'Virentscheedung realiséiere konnt.



E Méindeg sinn dann nach zwou Partië vum 2. Spilldag. De Progrès Nidderkuer kriit Besuch vun der Fola a Rodange kritt et mat Péiteng ze dinn. Bis zum Schluss huet sech un dësem Resultat och näischt méi geännert an d'Jeunesse iwwerhëlt domat d'Féierung an der Tabell.