Jeff Strasser feiert 1. Victoire als Trainer vom 1. FCK mat 3 - 0 géint Fürth

Jeff Foto vun Val Wagner



29 September 2017

Jeff Strasser feiert 1. Victoire als Trainer vum 1. FCK

E Freideg den Owend hat de Jeff Strasser seng Première op der Trainerbänk vum 1. FC Kaiserslautern an der 2. dänischer Bundesliga.

De Jeff Strasser krut et e Freideg den Owend mat senger Equipe, dem 1. FCK, mat Greuther Fürth ze dinn. Um Enn gëtt et eng 3:0 Victoire fir d'Roud Däiwelen. Direkt an der éischter Partie vum Lëtzebuerger op der Trainerbänk huet ee schonn an Zich seng Philosophie gesinn. D'Equipe huet offensive Football gespillt, huet gekämpft, ass all Ball nogaangen a stoung an der Verteidegung kompakt.



An den éischte 5 Minutten hunn d'Gäscht Drock gemaach, duerno huet Kaiserslautern d'Spill u sech gerappt. Dem Jeff Strasser seng Equipe konnt sech ëmmer nees gutt Chancen erausspillen, ma de Ball wollt nach net an de Goal goen. Um Enn vun der éischter Hallschent ass Greuther Fürth nach eng Kéier e bësse méi opkomm an huet den Drock erhéicht, e Goal sollt awer net falen.



No der Paus war de Match ganz equilibréiert. Den éischte Goal hunn d'Spectateuren um Betzenberg an der 71. Minutt gesinn. No enger Flank vum Mwene, ass de Keeper vu Fürth ënnert der Flank erduerch gelaf an den Andersson huet de Ball aus kuerzer Distanz am eidele Goal ënnerbruecht. Den 1:0 fir Kaiserslautern. Nëmmen 3 Minutte méi spéit huet den Andersson nees zougeschloen. No enger Flank vum Borrellos kruten d'Gäscht de Ball net aus dem Strofraum eraus an dat wousst de Stiermer vu Kaiserslautern ze notzen. De Schwed hat nom 2:0 awer nach net genuch. An der 80. Minutt huet hie fir den 3:0 gesuergt.



Um Enn gewënnt Kaiserslautern mat 3:0 géint Greuther Fürth a kann déi éischt Victoire fir dës Saison feieren. Fir den neien Trainer vum FCK, Jeff Strasser, hätt den Optakt net besser kéinte lafen.



FOTOEN VUM MÄTSCH:

http://www.rtl.lu/fotoen/28814/overview/