Georges Engel a 9 verschidde Kompetitiounen erausgefuerdert
An engem ausverkaaften Artikuss zu Zolwer war e Samschden déi 1. Editioun vu "Klapp den Engel".
An dëser Show gouf de Buergermeeschter Georges Engel a 9 verschidde Kompetitiounen erausgefuerdert.
Aus enger Preselektioun vu 4 Kandidate gouf de Bob de Temmerman vun de Spectateuren ausgewielt, fir géint de Georges Engel unzetrieden.
Di 2 Kontrahenten hu sech en enke Fight geliwwert. Mol war sportlech Ausdauer gefuerdert, mol Geschécklechkeet oder Allgemengwëssen.
D'Entscheedung ass dann och eréischt mat deem leschte Spill gefall: de Georges Engel konnt di éischt Editioun fir sech entscheeden. Domat bleift d'Präisgeld vun 2.000 Euro am Pott, sou dass et bei der nächster Editioun em 4.000 Euro geet ...
D'Moderatioun vun der Show war vum Dan Spogen.
An de Pausen tëscht de Spiller huet den Orchester ‚Groovefactory' ënnert der Leedung vum Ernie Hammes fir dat musikalescht Encadrement gesuergt.
Text: Marcel Belche
Fotoen: Val Wagner
FOTOEN HEI UM LINK RTL
http://www.rtl.lu/fotoen/26614/overview/
LINK bei Flickr
https://flic.kr/s/aHskJtGi9A