Festival Elsy Jacobs

Prologue Foto vun Val Wagner



28 April 2017

Festival Elsy Jacobs

Christine Majerus am Prolog dat Drëtt

Um Freideg den Owend war den Optakt vun der 10. Editioun vum Festival Elsy Jacobs.

Beim Prolog, deen iwwer 2,8 Kilometer gaangen ass, war d'Südafrikanerin Ashleigh Moolman déi Séierst an ass elo och Leaderin am General. Mat engem Retard vun enger Sekonn kënnt d'Lisa Klein aus Däitschland op déi zweete Plaz. Christine Majerus huet sech och gutt aus der Affaire gezunn a kënnt mat engem Retard vun 3 Sekonnen op déi drëtte Plaz.



D'Claire Faber an d'Anne-Sophie Harsch kommen op d'Plaze 40 an 43 op jeeweils 25 Sekonnen an d'Elise Maes hat als 49. e Retard vu 27 Sekonnen. D'Chantal Hoffmann fiert als 91. op 38 Sekonnen iwwert d'Arrivée.



Um Samschdeg geet et weider mat der 1. Etapp, déi geet iwwer 97,7 Kilometer vu Stengefort op Stengefort. An e Sonndeg gëtt dann déi zweeten a leschten Etapp iwwer 111 Kilometer vu Garnech op Garnech gefuer.



Op RTL.lu kënn dir och de Weekend iwwer de Festival Elsy Jacobs am Livestream suivéieren.



FOTOEN op Flickr:

https://flic.kr/s/aHskTYDBur



Fotoen op RTL.lu:

http://www.rtl.lu/fotoen/27850/overview/



http://www.valwagner.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2005