FCD03 - US Rumelange

Val Wagner Foto vun Val Wagner



23 April 2017

Déifferdeng - Rëmeleng 2:0



Déifferdeng krut Besuch vu Rëmeleng. Déi Déifferdenger wollten onbedéngt gewannen an dräi Punkte mathuelen fir hir Spëtzeplaz am Championnat ze behaapten.



Déi Rout hunn och direkt gutt lass geluecht. De Bastos konnt no nëmmen 9 Minutten seng Faarwen a Féierung bréngen.



Déi Rëmelenger ware nach geschockt vum éischte Goal, ewéi de Bettmer an der 14. Minutt op 2:0 vum Punkt erhéicht huet.



Déifferdeng war déi besser Equipe a wënnt mat 2:0 géint schwaach Rëmelenger déi dem Ofstig ëmmer méi no kommen. Déifferdeng kënnt mat dësen dräi Punkten dem Titel ëmmer méi no.



FOTOEN op RTL.Lu

http://www.rtl.lu/fotoen/sport/27815/overview/

FOTOEN bei FLICKR

https://flic.kr/s/aHskYjWa1m