FCD03 - MONDORF 4 - 0

FCD03 Foto vun Val Wagner



07 August 2017

Déifferdeng 03 - US Munneref 4:0 (1:0)



Direkt mat der éischter Chance an der 12. Minutt vum Match huet e Perez déi Déifferdenger a Féierung bruecht, dat no enger gudder Pass vum Yeye vu riets. Déi Déifferdenger hunn der Drock weider gehalen, ma hu sech schwéier gedoen, fir de Marques am Goal vu Munneref z'iwwerwannen. Eng richteg Chance haten déi Munnerefer an den éischte 45 Minutten net.



No 63 Minutten huet de Franzoni et du gepackt, de Keeper vun Munneref ze bezwéngen, dat no enger Pass vum Hamazaoui. De Marques war nach drun, konnt awer net verhënneren, datt de Ball iwwer d'Linn rullt. 6 Minutte méi spéit trëfft dunn och de Bettmer, dee vun engem gudde Solo an enger gudder Pass vum Yeye profitéiere konnt. Nach méi schlëmm goud et no 79 Minutten, wéi de Perez fraai am Strofraum ofzéie konnt an op 4:0 erhéicht huet

.

FOTOGALERIE: Andruck vom Match Déifferdeng-Munneref vum Val Wagner.

http://www.rtl.lu/fotoen/28486/overview/