Bastos
FCD03 - Jeunesse Esch 3 - 1
FCD03 - Jeunesse Esch 3 - 1
Zu Déifferdeng dauert een Mätsch 90 Minutten, wat déi Escher nett mat kritt haten !
Am Spëtzematch tëscht der Jeunesse an Déifferdeng loung d'Heemequipe no 45 Minutten verdéngt 1:0 a Féierung duerch ee Gol vum Gonçalo Almeida . Eng schwach Déifferdenger Leeschtung an den éischten 30 Minuten von der zweiter Halschent konnt d'Jeunesse an der 81. durch den Patrick Stumpf profitéieren an den 1:1 Ausgläich markéieren.
Bis zur 90. Minutte sollt de Yannick Bastos awer nach eng Kéier zouschloen an Déifferdeng a Féierung bréngen. Deem awer net genuch well no engem Feeler vum Marc Oberweis konnt Déifferdeng op 3:1 erhéijen an de Match war decidéiert.
FOTOEN VUM MÄTSCH : http://www.rtl.lu/fotoen/26389/overview/