FC LUNA / Aweihung vum neien Stadion
- der Aweiung vum neie Stade Jaminet zu Uewerkuer
- vum 1. Match: LUNA - SUESSEM 0:2
- vum 2. Match: FCD03 - BERTRIX (B) 4:0
- vum 3.Match: FOLA / ESCH - 1FCK U23 0 - 2
E Sonnden um 16h spillt d'Fola géint d'U23 vum 1FCK
FC LUNA Uewerkuer: 1932 Grënnungsjoer vun der Luna
- Den 1. Terrain vun der Luna entstong ënnert der "Kalbréck", wou d'Minière dem Veräin fir e jährleche Pachtzëns vun engem Frang den Terrain zu Verfügung gestallt huet
- Wéi de preiseschen Afall koum, goufen et nei Sportsgesetzer an d'Lunalisten wollte sech deenen net ënnerwerfen an du gouf d'Luna vun den Ënnerdrécker opgeléist, awer beim Amarsch vun den alliéierten Truppen ass de Club erëm operstanen, mä den Terrain op der Kalbréck konnt net méi genotzt ginn.
- D'Direktioun vun der Cockerill huet dem Club "Tippen vun der Minière" iwwerlooss, wou den 2. Terrain vun der Luna mat Schëpp a Péckel gebaut ginn ass, wou 50.000 Tonnen Äerdbuedem ze deplacéiere waren, den 31.8.1946 gouf den Terrain feierlech ageweit, deen Terrain konnt bis 1955 bespillt ginn, bis d'Cockerill e gebraucht huet an d'Luna nees ouni Terrain do stoung.
- Vun 1955-1958 huet d'Luna bal um Stadion, bal um AS Terrain hir Matcher gespillt an ass 1958 aus der Meeschterschaft ausgeschloss ginn, well se keen eegenen Terrain haten.
- 1958-1963 sinn d'Lunalisten an d'Nopeschveräiner spille gaangen, d'Luna gouf net opgeléist, mä et huet ee laang nix méi héieren.
- 1963 war et esou wäit, d'Luna erwächt aus sengem ongewollte Schlof.
- 1963 huet d'Famill Jaminet der Luna en Terrain zur Verfügung gestallt an den 3. Terrain ass gebaut ginn.
- De 14. a 15.8.1966 war déi offiziell Ouverture vum 1. Stade Jaminet.
- Wéi d'Luna dunn am Mai 2012 gestigen ass an déi 1. Divisioun war den Terrain laut Statute vun der FLF net méi konform an huet misse vergréissert ginn. D'FLF huet der Luna 2,5 Joer eng Derogatioun akkordéiert, fir drop ze spillen, bis et dunn am Mee 2015 endlech lass gaangen ass mam Bau vum neien Terrain ...
Hei de Link mat den FOTOEN: https://flic.kr/s/aHskEXSD9K
Text: Carinne Nardecchia
Fotoen: Val Wagner