F91 Neien BGL Champion 2017 FCD03 gudden zweeten

FCD03 Foto vun Val Wagner



21 May 2017

Déifferdeng - Rouspert 6:2



Déifferdeng huet sech an der éischter Hallschent schwéier gedoen fir sech Chancen erauszespillen. Sou ass och an der éischter Hallschent kee Goal gefall an dëser Partie.



Ma no der Paus huet den Er Rafik per Eelefmeter getraff. Kuerz duerno huet den Hamzaoui konnten op 2:0 erhéijen.



Den Er Rafik huet dunn alles kloer gemaach an den drëtten an de véierte Goal geschoss.



De Karapetian konnt nach eng Kéier verkierzen fir déi Rousperter ma dat wuel ze spéit. Kuerz drop war et erëm de Karapetian, deen och nach op 4:2 konnt verkierzen.



Ma Déifferdeng konnt nach eng Kéier eppes fir de Spillstand maachen. Dëst duerch den Er Rafik, deen nach zwee mol markéiere konnt. Um Enn huet den Er Rafik 5 Goaler geschoss an awer ass et net duergaange fir den Titel ze gewannen.

FOTOEN hei op RTL

http://www.rtl.lu/fotoen/28014/overview/

FOTOEN FLICKR

https://flic.kr/s/aHskVz2uVZ