Den Déifferdenger Derby geet mat 1:0 un Nidderkuer

Val Wagner Foto vun Val Wagner



17 September 2017

Den Déifferdenger Derby geet mat 1:0 un Nidderkuer

Nodeems de Pérez en Eelefmeter verschoss huet, mécht Nidderkuer et besser a kann duerch dem Karapetian säi Goal dräi Punkten doheem halen.

Progrès Nidderkuer - Déifferdeng 03 1:0 (1:0)



Déifferdeng ass mat honnert à l'heure an de Match eragaangen a konnten d'Nidderkuerer hannen dran drécken, ouni awer den erléisenden 1:0 ze fannen. Sou war et de Perez, deen an der 6. Minutt en Eelefmeter verschoss huet.



Fir Déifferdeng war dat eng richteg batter éischt Hallschent, esou ze soen d'Hallschent vun de verpasste Chancen. Nidderkuer war op Konteren ausgeriicht an déi verpasste Chance vun Déifferdeng huet d'Lokalformatioun äiskal ausgenotzt, well si hunn hir éischt gutt Geleeënheet genotzt, fir duerch de Karapetian a Féierung ze goen. Nom Goal huet den Tabelleleader dunn och besser an de Match fonnt an Déifferdeng war net méi grad sou dominant, ma d'Chancë ware weiderhin do, ouni en Notzen am Resultat ze gesinn.



No enger Véierelsstonn an der zweeter Hallschent war et den Tabelleleader, dee besser aus de Kabinne komm ass. Si haten zwou gutt Chancen. Déifferdeng war weider engagéiert, mee Nidderkuer huet net méi sou vill zougelooss. Déifferdeng huet weiderhin Drock ausgeüübt, mee si hu keng Lächer méi fonnt an der Nidderkuerer Verteidegung. Domadder bleift Nidderkuer mam Maximum vun 18 Punkten un der Tabellespëtzt.



Déifferdeng hat virum Match säit 2011 net méi zu Nidderkuer verluer.

FOTOEN VUM MÄTSCH:



https://flic.kr/s/aHsm5eGujj