DELHAIZE GREEN RUN 2017

Green Run Foto vun Val Wagner



26 June 2017

Iwwert déi schéinste Weeër duerch den Dall vun der Réierbaach, konnten d'Leefer eent vun den aussergewéinlechste Stécker Natur aus Lëtzebuerg entdecken.



Op den 12 Kilometer hat um Enn de Frank Schweitzer no 44 Minutten an 38 Sekonnen d'Nues fir. Mat engem Retard vun 2 Minutten an 30 Sekonnen kënnt de Pol Flesch op déi zweete Plaz. Drëtte gëtt de José Fortunato.



Bei den Dammen hat d'Carole Stumpf an enger Zäit vun 58 Minutten a 50 Sekonnen d'Nues vir. Um Podium stoungen nach d'Stefanie Bokkon-Holsten an d'Françoise Harsch.



Op der méi kuerzer Distanz, de 6 Kilometer, wannen de Jean-Luc Stehlin an d'Jenny Hovot.



FOTOEN:

https://flic.kr/s/aHsm3ddS7s