Déifferdeng spillt nëmme gläich

Flora Foto vun Val Wagner



30 April 2017

Déifferdeng spillt nëmme gläich, Diddeleng elo neie Leader

Um Sonder war de Spëtzematch tëscht dem Tabelleleader Déifferdeng an dem Drëtte Fola.



Fola Esch - Déifferdeng 03 1:1



Et war de Spëtzematch vum Spilldag. Ma de Match ass nëmme lues un d'Rulle komm. Béid Equippen hu sech géigesäiteg neutraliséiert. Gréisstendeels huet d'Ufanksphase sech am Mëttelfeld ofgespillt, dëst och well keng vu béiden Equippen ee Feeler wollt maachen.



Ma fir Déifferdeng stoung de Championstitel um Spill. Déi haten och déi éischt méi geféierlech Aktioun. De Bastos hat de Luisi lancéiert, dësen hat awer nëmmen de Baussefilet getraff.



Bis zur Paus konnt keng Equipe sech een entscheedende Virdeel erausspillen.



Och an der zweeter Hallschent ass et weider gaangen ewéi an der éischter Hallschent. Déi néideg Präzisioun huet gefeelt an esou ass et zu kaum Goalchancë komm. Dëst och well Déifferdeng op Kontere gelauert huet.



An der 74. Minutt gouf et dunn ee Foul vum Holter um Kirch. De gefoulte Kirch, hat scho Giel, wéi dëse sech esou opgereegt huet, dass den Arbitter hie mat Giel-Rout vum Terrain geschéckt huet.



An enger Spillsituatioun wou Déifferdeng d'Kontroll misst iwwerhuelen, war et an der 80. Minutt de Francoise, deen d'Fola a Féierung bruecht huet.



Ma Déifferdeng huet sech net opginn. In-extremis koumen déi Déifferdenger zum Ausgläich, no engem héije Ball vum Holder koumt den Hamzaoui zum Schoss an huet de Ball onhaltbar ënnert de Plafond gedonnert.





FOTOEN op RTL.lu

http://www.rtl.lu/fotoen/sport/27862/overview/



FOTOEN op Flickr:

https://flic.kr/s/aHskYMAf83