Déifferdeng spillt d'Qualifikatioun fir den UEFA Futsal Cup Am Futsal

Val Wagner Foto vun Val Wagner



23 August 2017

Déifferdeng spillt d'Qualifikatioun fir den UEFA Futsal Cup

Am Futsal fänkt e Mëttwoch den éischten Tour vun der Qualifikatioun fir den UEFA Futsal Cup un. Gespielt gi kleng Mini-Tournoie vu 4 Equippen.

Gespillt gëtt déi nächst Deeg am Centre Sportif zu Uewerkuer. Am Grupp B kritt Déifferdeng et mat Liburn, Titograd a Vytis ze dinn. D'Championen aus dem Kosovo, dem Montenegro a Litauen. Et huet een dann och alles probéiert fir sech esou gutt et geet ob d'Géigner anzestellen. D'Traineren hunn dofir Videoe vun de verschiddenen Equippen organiséiert.



Nëmmen de Gruppenéischte qualifizéiert sech fir déi zweete Ronn, wou dann och méi grouss Natioune wéi Däitschland oder Frankräich dobäi kommen. Zu Déifferdeng ass een sech bewosst, dass dat ganz schwéier dierft ginn an dofir steet virop emol een Zil am Virdergrond an dat ass dass een alles gëtt an ouni Regret aus dem Tournoi eraus ka goen. Och wann déi aner Equippen e Strapp méi staark wäerte sinn, wëllen déi Déifferdenger hir Chancen notzen a sech net vun Ufank u geschloe ginn, sou de Roberto Cruz.



De Virverkaf fir d'Partien ass schonn eriwwer, mä an der Oweskeess kann ee sech nach Tickete fir d'Matcher sécheren.



E Mittwoch den Owend um 18 Auer spillt Liburn géint Vytis an um 20.30 Auer ass et dann d'Partie Déifferdeng géint Titograd.



FOTOEN:

https://flic.kr/s/aHsm76EAhD

Futsal.jpg