Déifferdeng - Rouspert 6:1

Val Wagner Foto vun Val Wagner



10 September 2017

Déifferdeng - Rouspert 6:1

Rouspert hat e gudde Start an d'Partie zu Déifferdeng erwëscht. An der 3. Minutt konnte si duerch e Goal vum Gaspar a Féierung goen. Dës Avance sollt awer net laang halen. No 12. Minutte koum den Ausgläich vun der Lokalformatioun. Den Almeida stoung op eemol fräi virum Vogel, huet dësem keng Chance gelooss an de Ball riets ënnen an den Eck geschoss. Bis d'Paus huet Déifferdeng nach e puer ganz gutt Chance leie gelooss, sou dass et mam 1:1 an d'Kabinn gaangen ass.



No der Paus war Déifferdeng méi konsequent. No zwee séiere Goaler vum Almeida an dem Perez an der 47. an 48. Minutt loungen si mat 3:1 a Féierung. Rouspert huet kee Mëttel méi géint Déifferdeng fonnt an huet bis zum Schluss nach weider Goal kasséiert. An der 63. Minutt war et de Perez, deen eng Pass vum Almeida verwandelt huet. 2 Minutte méi spéit huet de Yéyé op 5:1 erhéicht. Fir d'Schlussresultat huet de Bettmer an der 84. Minutt mam 6:1 gesuergt.