De Jeff Strasser Gëtt neien Trainer um Betzenberg beim 1FCK

Betze Foto vun Val Wagner



27 September 2017

Hien huet e Kontrakt bis Juni 2019 ënnerschriwwen. De Jeff Strasser war bis elo Trainer bei der Escher Fola.



Den viregten Trainer Norbert Meier war den 20. September um Betzenberg entlooss ginn, nodeems de Veräin a 7 Matcher just 2 Punkte realiséiert hat. Kaiserslautern steet op der leschter Plaz an der 2. Bundesliga. De véierfache Meeschter an zweefache Pokalgewënner huet e Méindeg den Owend ënnert dem Interimscoach Manfred Paula 0:5 géint Union Berlin verluer a stécht domat an der déifster Kris an der Clubgeschicht.



De Jeff Strasser huet vun 1999 bis 2002 fir Kaiserslautern gespillt a stoung do 106 mol fir déi Rout um Terrain. Duerno war hie op Mönchengladbach gewiesselt.



Zanter 2010 war de Jeff Strasser als Trainer bei der Escher Fola täteg. 2016 huet hien d'DFB-Trainerlizenz gemaach, dat mat ënnert anerem Leit wéi dem Julian Nagelsmann oder Domenico Tedesco, déi elo an der Bundesliga als Trainer aktiv sinn.



E Freideg spillt den 1. FCK géint den zweetleschten aus der 2. Bundesliga SpVgg Greuther Fürth. Do sëtzt de Strasser dann eng éischte Kéier als Cheftrainer vu Lautern op der Bänk. An der Saison 2015/2016 huet de Strasser schonn emol e Stage um Betzenberg gemaach, deemools ënnert dem Trainer Kosta Runjaic.