De BOB JUNGELS AM MAILLOT ROSE

BoB Foto vun Val Wagner



17 May 2016

Eng kleng Echappé hat sech op de Wee gemaach. Hannert hinnen eng gréisser Grupp, wou och de Maillot Rose an de Maillot Blanc mat dra waren. 18 Kilometer viru Schluss an der zweetleschter Montée huet Astana dunn ugezunn a vill Leit hu misste lassloossen. Dorënner och de Maillot Rose, den Gianluca Brambilla. Déi aner Leader a gutt plazéiert Coureure konnte sech awer nach unhalen.



De Brambilla konnt an der Descente awer nees bei d'Grupp dobäi kommen. Fir op d'Arrivée ze kommen, mussen d'Coureuren awer nach eng Montée vu 7 Kilometer hannert sech bréngen. An der Montée war et och de Maillot Rose, deen ugefaangen huet d'Aarbecht ze maachen.