Coupe du Prince ( RACING - Titus PETANGE 3 - 2 )

RACING JUNIORS Foto vun Val Wagner



02 May 2018

De Racing gewënnt mat 3:2 géint d'Union Titus Péiteng

Viru 1482 Spectateuren huet sech de Racing zu Rodange d'Coupe du Prince geséchert. An der Paus loung de Racing géint Titus Péiteng scho mat 2:1 a Féierung.

De Racing huet d'Finall vun der Coupe du Prince 2018 géint d'Union Titus Péiteng mat 3:2 gewonnen.

An der 16. Minutt war de Racing duerch e Gol vum Teles mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 23. Minutt huet de Grubesic op 2:0 erhéicht. Virun der Paus konnt d'Union Titus Péiteng duerch de Skenderovic op 1:2 verkierzen. 

An den zweete 45 Minutten huet de Racing an der 50. Minutt duerch e Gol vum Thorill d'Féierung nees op 3:1 ausgebaut. An der 68. Minutt ass Titus Péiteng nach den 2:3 duerch de Skenderovic gegléckt, ma de Racing huet sech d'Victoire net méi huele gelooss a gewënnt um Enn mat 3:2.

FOTOEN:https://flic.kr/s/aHsmf62BzW