Coupe de LUXBG : FCD03 - F91 0 - 3

Val Wagner Foto vun Val Wagner



15 April 2017

Déifferdeng an den F91 hunn sech an der Ufanksphase näischt geschenkt, déi kloer Goalchance hunn awer op sech waarden gelooss. Béid Equippen hunn sech am Ufank ofgetaascht, et huet een eng gewëssen Nervositéit gespuert. Déifferdeng stoung kompakt an der Ofwier an huet och probéiert ze konteren, mee vill war awer net dobäi erauskomm. Déifferdeng huet sech ëmmer méi zeréckgezunn an dem F91 Spill iwwerlooss. Kuerz virun der Paus konnt den Ibrahimovic den F91 mat engem placéierten Schoss aus 20 Meter mat 1:0 a Féierung bréngen.



Och an der zweeter Halschent huet sech Déifferdeng weiderhin richteg schwéier gedoen, koum awer lues a lues ëmmer besser an Spill an hat och 2 ganz geféierlech Aktiounen. Duerno huet Diddeleng awer ganz schnell reagéiert an d'Spill nees an Hand geholl. An der 67. Minutt koum de Cruz no engem Fräistouss am 5 Meter Raum un de Ball a konnt op 2:0 fir Diddeleng erhéijen. Kuerz drop hat de Stolz bal souguer nach den 3:0 getraff. De Goalkeeper Schaab konnt awer Schlëmmeres verhënneren. Bei den Déifferdenger war d'Loft einfach eraus. Hinnen huet einfach déi néideg Kreativitéit virum Diddelenger Gol gefehlt. An der 89. Minutt huet den Turpel dunn och nach den 3:0 getraff an domat war de Match entscheet an den F91 eng Ronn weider.



FOTOEN vum Mätsch op RTL.lu

http://www.rtl.lu/fotoen/27764/overview/