Bielefeld gewënnt mat 2:0 géint Kaiserslauter

Val Wagner Foto vun Val Wagner



26 November 2017

Bielefeld gewënnt mat 2:0 géint Kaiserslautern

Um Sonndeg stoung an der zweeter Bundesliga d'Duell tëscht den zwee Lëtzebuerger Traineren um Programm. Jeff Strasser geeint Jeff Sabine heut et geheescht.



vor 20464 Zuschauer



Bielefeld war vun Ufank un déi bësse besser Equipe an hat méi vum Match. Allerdéngs huet ee béiden Equippen ugesinn dat se Angscht hate Feeler ze maachen, stounge sou allen zwee méi defensiv an hunn op Feeler vum Géigner gewaart. Wei an der 22. Minutt: Do huet de Klos dem Ziegler de Ball ofgeholl, huet an d'Mëtt geflankt, mee dem Voglsammer säi Schoss konnt de Müller paréieren. No 27 Minutten konnt Bielefeld dann awer a Féierung goen an dat no engem Feeler an der Defense vu Kaiserslautern. E laange Ball vum Ortega kënnt bei de Voglsammer, kee Verteideger fillt sech zoustänneg, de Bielefelder hëlt de Ball mat a schéisst aus 17 Meter ënnen lénks an den Eck. Offensiv war Kaiserslautern einfach ze schwach a konnten sech praktesch keng Chancen erspillen.



FOTOEN Vom Mätsch

http://www.rtl.lu/fotoen/29163/overview/