FCD03 neie Champion am Futsal
FUTSAL Foto vun Val Wagner
01 May 2017
FCD03 neie Champion am Futsal
Viru ronn 450 Spectateure konnt sech Déifferdeng zu Uewerkuer géint d'Amicale Clervaux mat 8 zu 3 behaapten an domat fréizäiteg den Titel feieren.
An der éischter Partie hat sech den FCD 5:4 an der zweeter 4:1 duerchgesat. No der drëtter Victoire war de Championstitel du perfekt.
Gespillt gouf am Modus Best of 5.
Déifferdeng stoung déi lescht 3 Joer an der Finale vum Futsal.
Clierf huet dëst Joer d'Coupe gewonnen, 7:2 géint de Stater Racing.
FOTOEN op RTL.lu
http://www.rtl.lu/fotoen/sport/27868/overview/
FOTOEN op FLICKR
https://flic.kr/s/aHskVMTE7F